Eis Poussins hunn den Turnéier zu Mertert gewonnen. Géint Mertert-Waasserbëlleg 2 huet sech d'Ekipp vum Enès Skrijelj mat 2:0 behapt, géint Izeg gouf et eg 2:1-Victoire, ier Gréiwemaacher mat 2:0 an den F91 mat 4:1 geklappt gouf. An der Finall hunn d'Yellow Boys sech dunn mat 4:0 géint d'Etzella duerchgesat.

An hirem leschten Asaz vun dëser Saison sin eis Bambinis um Turnéier zu Mertert op der 3. Plaz geland. No engem 1:1 géint Gréiwemaacher, enger 1:0-Victoire géint Réimech/Bous an engem 2:0-Succès géint Mertert-Waasserbëlleg stoungen d'Yellow Boys als Gruppenéischten an der Halleffinall. Hei gouf et leider eng 0:2-Defaite géint de Schlussgewënner Diddeleng. Am Match fir d'3. a 4. Plaz hunn eis Jongen sech dunn verdéngt mat 1:0 géint Jonglënster duerchgesat a sech eng Plaz um Podium gesechert.
"Et war e gelongenen Ofschloss vun enger genialer Saison mat enger super Ekipp a mat phantastëschen Elteren", sou e méi wéi zefriddenen Trainer Léon Zahlen.