E Sonndeg war bei der Sportshal eng méi lass. Wéi et schonn eng Traditioun ass, haten d'Yellow Boys op d'Vache qui flatte invitéiert. Ganz vill Leit haten sech dann och op de Wee gemaach an hu sech d'Paella, Hamburger, Fritten, Zalot, Kéiswuppen, Cocktailer an déi aner lecker Saachen, déi ugebueden goufen, gutt schmaache gelooss. D'Kanner hate vill Spaass um Sprangschlass a beim Fussball-Darts an hunn der eigentlecher Attraktioun, der Kou, dono gespaant nogekuckt. Freeën konnten sech um Enn de Guy Zeimes an d'Christiane Rischette, déi je 1545 Euro gewonnen hunn. D'Kou hat sech nämlech d'Case D14 erausgesicht, fir hire Flapp ze drécken. Och fir Musek war gesuergt. D'Band ISIBROBS huet hiren éischten offiziellen Concert zu Weiler ginn an de Public begeeschtert.

Bei herrlechem Wieder haten d'Bambinis an d'Pupilles moies den Optakt gemaach an e bëssi Fussball gespillt, ier si vum Veräin e Wimpel kruten, als Belounung fir déi flott Saison, déi si gespillt hunn. Eis Poussins kruten och en décken Applaus vun de Leit. Si haten sech moies mat 10:2 géint Bieles hiren Ticket fir d'Halleffinall vun der Coupe gebucht.

Dat ganzt Event war alt erëm eng Kéier e Risenerfolleg.