Si hunn et tatsächlech gepackt! Eis Poussins stinn an der Halleffinall vun der Coupe des Poussins! An der Véirelsfinall hunn sech d’Jongen vum Trainer Jeff Schmit mat 10:2 zu Bieles behapt. Bieles louch zwëschenzaitlech mat 2:1 vir, mee dunn koum de Weiler Express un d'Rullen.

An der Halleffinall spillt Weiler nächste Sonndeg ab 10.30 Auer am Dieltchen géint d'Fola. Kommt an ënnerstëtzt de Jeff „Héijen“ Schmit a seng Spiller, si hunn et verdéngt! HEI ASS WEILER!