Eis Scolaires hunn zu Esch um Event "24 Stonne Fussball vun der Jeunesse Esch" deelgeholl, deen zu Gonschte vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner organiséiert gouff. Géint d´Jeunesse louch Weiler mat 1:0 vir, ass dunn mat 1:4 hanne komm, fir virun der Paus nach op 2:4 ze verkierzen. An der 2. Halschent hunn d'Yellow Boys bei 4:4 ausgeglach, sinn dunn awer nach 2 Mol a Réckstand geroden an hu sech an der leschter Minutt e 6:6 erkämpft. "Grousse Kino! Bravo fir eis Jongen", sou en houfrege Papp.