Um leschte Spilldag vum Bambinis-Championnat sinn eis zwou Equipen doheem am Dieltchen ugetrueden. Um Enn gouf et e verdéngten Erfolleg fir d'Yellow Boys 1, dëst no engem 1:1 géint Hueschtert, engem 1:0 géint Munnerëf an engem 7:0 géint Weiler 2 vum Trainer Carlo Dorotea. Eis zweet Equipe huet den Tournoi op der 4.Plaz ofgeschloss, no engem 0:4 géint Munnerëf a 0:6 géint Hueschtert. "Wou mir sinn, as a bleift uewen! Alles an allem eng gutt Leeschtung um leschten Championnatsturnéier, bei deem eis Jongen fir d'drëtt hannereneen di ganz Konkurrenz konnten hannert sech loossen. Um Programm bleiwen nach 3 Turnéier, zu Rëmerschen, Mënsbech a Mäertert, wou mir probéiere wäerten, eis sou gutt wi méiglech aus der Affär ze zéien", sou en zefriddene Coach Léon Zahlen. Nom Match hunn d'Jongen den Elteren mat engem Banner Merci fir d'Ennerstëtzung gesot. D'Bäll goufe gestëft vum Manuela Goebel a Carlo Dorotea.