Wéi et sou üblech ass, wann de Réibau vun engem Gebai bis fäerdeg ass, ass e Freidegowend am Dieltchen eng Straussfeier fir de Bau vun der neier Infrastruktur ofgehale ginn. Den Architekt Pit Hoffmann vu Cubus huet d'Gäscht duerch déi nei Raimlechkeeten gefouert an déi néideg Erklärungen zu deenen eenzelen Raim ginn. Dono huet d'Buergermeeschtesch Cécile Hemmen de Firmen, notamment TR Engineering, DZ Construct, Cubus a Luxautec, villmools Merci fir déi bis elo geleeschten Aarbecht gesot. De President vun de Yellow Boys, Christian Reuter, huet der Gemeng Weiler e Merci ausgesprach a konnt seng Virfreed, fir dat neit Gebai deemnächst da kënnen ze notzen, net verstoppen. Ofgeronnt gouf déi kleng Feier mat engem Patt, deen d'Gemeng offréiert huet.