Do ass eise Veräinsdirigenten erëm e richtege Coup gelongen. D'Yellow Boys hunn e Stiermer gesicht - an och ee fonnt. Wat de Moien schonn am "Luxemburger Wort" ze liese war, ass elo an drëschenen Dicher. Mam Levy Rougeaux kënnt e Goalgetter an den Dieltchen, deen och schonn op engem méi héijen Niveau hei am Land gewisen huet, dass hien weess, wou de géigneresche Gol steet. 17 Mol huet hien lescht Saison an der Éierepromotioun fir Hueschtert getraff an och nach den 2:2 am Barragematch markéiert, deen Hueschtert mat 4:2 no Eelefmeterschéissen géint Kanech gewonnen huet. De Levy huet domat e groussen Undeel dru gehat, dass Hueschtert an d'BGL Ligue opgestigen ass. An der héchster Spillklass huet den 32-järegen Fransous fir d'Jeunesse, den Racing Football Club Union Lëtzebuerg a Nidderkuer 171 Matcher gespillt. Des Weideren huet hien zu Lëtzebuerg nach fir Rodange a Kënzeg gespillt. Ugefaangen mat Fussball spillen huet de Levy zu Mercy-le-Bas.

Erënnere mer och heidrun:

De Kevin Hoffmann (Monnerech), de Sidney Loes (Rëmeleng) an de Pit Meylender hunn en definitiven Transfert op Weiler gemaach. De Christophe Cum (Schengen), de Romario Lima (Munnerëf) an de Pol Hellers (Uespelt) kommen als "transfert temporaire".

Den Andy Reuter (Izeg), den Enès Skrijelj (Käl-Téiteng), de Johan Bellini (RFCU Lëtzebuerg), den Idelson Pires dos Santos (Berbuerg), den Dylan Ribeiro Ramos (Beetebuerg), den Joyce Regazzi (Walfer), de Yann Olafsson (Réimech-Bous) an den Jeffrey Gleim (RS Magny/F) doen nächst Saison och e giel-schwaarzen Trikot un.

De Ronny Bodri (Interview) an den Inacio do Rosario Flor hänken d'Futtballschong un dee berühmte Nol an de Marc Wirth (Interview) kickt nach e bëssi zu Éilereng. Den Anton Bright (Uni), Jordan Ramos (Uni), Dea Yancen Labata a Ken Kartheiser (Uespelt), déi 2016/2017 als "transfert temporaire" bei eis waren, stinn eis nächst Saison net méi zur Verfügung. De Stéphane da Cruz huet en "transfert temporaire" op Jonglënster ënnerschriwwen.

D'Foto uewen ass vum Ben Majerus