De Jeff Schmit ass säit dem Wanter eise Poussins-Trainer. Virdrun war den 41-Järegen als Coach vun de Pupilles täteg. Nieft senger Roll als Trainer ass hien och nach Member vum Comité a vun der Jugendkommissioun. Am Interview schwätzt de fréiere Golkipp vum FC Avenir Beggen iwwer d'Véierelsfinall an der Coupe des Poussins, seng Spillphilosophie a wéi hien alles ënnert 1 Hutt kritt.

D'Véierelsfinall vun der Coupe des Poussins gëtt e Sonndeg gespillt. Wéi fillt den Trainer sech do virdrun?

Ech sinn opgereegt, nervös a nodenklech.

Firwat nodenklech?

Majo ech denken vill iwwer d'Preparatioun, wéi ech d'Ekipp opsetzen, wéi ech d'Jongen astellen, dat Ganzt ronderëm, dass ech de Jongen net ze vill Drock maachen an sou weider no.

Mat Bieles ass denger Ekipp e Géigner zougeloust ginn, deen net deen schwéiersten am Dëppen war. Wéi rechens de d'Chancen aus, fir an d'Halleffinall ze kommen?

All Match muss als éischt gespillt ginn, en dauert 60 Minutten oder souguer méi laang. Wéi ech de Géigner aschätzen? Bieles ass an d'Véierelsfinall komm an dat weist, dass se déi eng oder aner Ekipp schonn hu missten liquidéieren. De Géigner ass op kee Fall op déi liicht Schëller ze huelen. Ech war en net kucken an hunn och keng Resultater nogekuckt. Ech well mäin eegent Spill duerchzéien a passe mech net engem aneren un. Mir huelen de Géigner esou wéi e kënnt, mee mir passen eis dem Géigner definitif net un.

Wouran besteet däi Spill? Wat ass deng Spillphilosophie bei de Poussins?

Ech wëll vun Ufank un Drock maachen. Mam Drock kanns de verschidde Géigner direkt mol e bëssi erféieren a villäicht duerch e fréie Gol eng Situatioun erzwéngen, an däers de dono kanns méi schnell spillen. Mir spillen vill iwwer d'Säiten hannen eraus. Dat verlaangen ech vun de Kanner. Si sollen Fussball spillen an et bréngt näischt, wann de Golkipp de Ball ëmmer blann hannen erausknuppt.

An der Aachtelsfinall ware ganz vill Leit do. Beim Auswäertsmatch e Sonndeg (Ustouss um 10.30 Auer) wäerten e puer Weiler Supporter manner do sinn, well d'Vache qui flatte och deen Dag ass. Wéi gesäis de dës Situatioun?

Et ass en Datum, deen aus eiser Siicht ganz schlecht gefall ass. Et wier e Virdeel gewiescht, heiheem ze spillen. An der Aachtelsfinall waren d'Kanner impressionnéiert a frou, dass e souvill Leit do waren. Zu Bieles gi mer mat deenen Supporter dohin, déi kënne matgoen, an dann probéiere mer eist Bescht ze maachen.

Am Wanter hues du d'Poussins iwwerholl. Virdrun waars de Trainer vun de Pupilles. Wéi grouss war d'Ëmstellung fir dech?

Ech hu verschidde Jongen scho kannt, déi ech och d'lescht Joer an de Pupilles trainéiert hunn. Den Ënnerscheed ass scho grouss. D'Poussins musse scho méi disziplinéiert sinn a méi disziplinéiert spillen wéi bei de Pupilles. Bei de Poussins sinn d'Richtlinnen scho méi streng, wéi e Spillopbau soll lafen an d'Positionnement vun den eenzelen Spiller soll sinn. Bei de Pupilles muss dat nach net sinn. D'Poussins hu schonn méi e grousst Spillverständnis. Fir dorun ze schaffen, ass mat Aarbecht verbonnen a geet nëmmen iwwer déi Leit, déi ronderëm mech matschaffen an d'Spiller, déi Gas ginn.

Wéi géifs du deng talentéiert Ekipp beschreiwen?

Et ass eng aussergewéinlech Ekipp. Et sinn 13, 14 Spiller, déi bal alleguer ganz gutt sinn. Si spillen gutt zesummen an halen och zesummen, dat ass ganz wichteg. Et ginn ganz seelen Reiwereien um Training. Déi Jongen schaffen ganz gutt mat. Si mierken, dass se duerch den Zesummenhalt weiderkommen a Fortschrëtter maachen.

Du bass mam Trainerschäin amgang. Am Moment mam C2. Wéi bewäerts du déi Saachen, déi an de Cours'en un d'Traineren vermëttelt ginn?

Ech fannen, dass d'FLF do eng ganz gutt Aarbecht mécht. Si probéiert d'Traineren ze forméieren. Et ass wichteg, dass d'Federatioun souvill Suen an d'Jugendaarbecht an d'Trainerausbildung stécht. Et ass wichteg, dass d'Traineren léieren, wéi se mat de Spiller an deenen verschiddenen Kategorien sollen ëmgoen. Ech hu scho ganz vill do bäigeléiert an den C2 war och sécher net dee leschte Schäin, deen ech maachen. Nëmmen duerch esou Formatiounen kann een sech nach verbesseren.

Nieft denger Funktioun als Trainer, bass de och nach an der Jugendkommissioun an am Comité. Wéi bréngs du alles ënner 1 Hutt?

Dobäi ginn ech och nach schaffen 🙂 Ech hunn e ganz gudde Chef, dee mer vill fräi Hand léisst a mech och ënnerstëtzt. Ech sinn him immens dankbar dofir, soss kéint ech all déi Funktiounen am Club net unhuelen. Meng Fra freet och heiansdo: Wéini bass de mol emol doheem? 🙂 Dofir probéieren ech och heiansdo net um Terrain ze sinn a bei der Famill doheem ze sinn. Meng Fra, meng Elteren a meng Kanner ënnerstëtzen mech ganz vill, an deem wat ech maachen, an dat ass fir mech ganz wichteg.

Merci Jeff a bonne Chance fir e Sonndeg!

Merci!