An e weideren Transfert ass perfekt. Mam Yann Olafsson kënnt en 20 Joer ale Stiermer an den Dieltchen. De Yann huet fir de Racing Football Club Union Lëtzebuerg, den FC Mënsbech a fir d'lescht fir d'Union Réimech-Bous gespillt.

Erënnere mer och heidrun:

De Kevin Hoffmann (Monnerech), de Sidney Loes (Rëmeleng) an de Pit Meylender hunn en definitiven Transfert op Weiler gemaach. De Christophe Cum (Schengen) an de Pol Hellers (Uespelt) kommen als "transfert temporaire".

Den Andy Reuter (Izeg), Enès Skrijelj (Käl-Téiteng), de Johan Bellini (RFCU Lëtzebuerg), den Idelson Pires dos Santos (Berbuerg), den Dylan Ribeiro Ramos (Beetebuerg), den Joyce Regazzi (Walfer) an den Jeffrey Gleim (RS Magny/F) doen nächst Saison och e giel-schwaarzen Trikot un.

De Ronny Bodri (Interview) an den Inacio do Rosario Flor hänken d'Futtballschong un dee berühmte Nol an de Marc Wirth (Interview) kickt nach e bëssi zu Éilereng. Den Anton Bright (Uni), Jordan Ramos (Uni), Dea Yancen Labata a Ken Kartheiser (Uespelt), déi 2016/2017 als "transfert temporaire" bei eis waren, stinn eis nächst Saison net méi zur Verfügung. De Stéphane da Cruz huet en "transfert temporaire" op Jonglënster ënnerschriwwen.