Hien huet dës Saison 20 Championnatsmatcher vun Ufank un gespillt a war mat 12 Goler deen treffsëcherste Spiller bei de Yellow Boys. Elo huet hien awer décidéiert, sech engem neien Challenge ze stellen. Dofir wäert de Stéphane da Cruz no 2 Saisonen am Dieltchen an Zukunft fir d'Jeunesse Jonglënster oplafen. De 29-järegen Offensivspiller huet en "transfert temporaire" ennerschriwwen. Mir wënschen dem "Spins" vill Satisfaktioun zu Jonglënster.