Nom Johan Bellini (RFCU Lëtzebuerg) hunn 2 weider Spiller bei de Yellow Boys ennerschriwwen, fir nächst Saison eis éischt Ekipp ze verstäerken. Vu Berbuerg kënnt den Idelson Pires dos Santos bei eis. Den Idelson huet 34 Joer, ass en Ofwierspiller an huet viru Berbuerg an der Millebaach, beim CS Uewerkuer an zu Colmar-Bierg gespillt. Hien wäert dem Veräin nächst Saison och als Bambinis-Trainer zur Verfügung stoen. Vun RS Magny aus Frankräich kënnt den Jeffrey Gleim an den Dieltchen. Hien ass 26 Joer al a soll den Defensivsecteur verstäerken.

Nët méi zur Verfügung stinn dem Veräin jo de Marc Wirth (Éilereng) souwéi de Ronny Bodri an den Inacio Rosario do Flor, déi allen 2 ophalen mat spillen.