De Marc Wirth an de Ronny Bodri sinn déi aktuell Kapitänen vun eiser éischter Ekipp. E Sonndeg falen déi zwee fréier Spiller vun der US Rëmeleng géint Mënsbech mat enger Bänneriwwerdehnung am Knéi aus. Leschte Sonndeg war deemno hire leschte Match am Yellow-Boys-Trikot. De Ronny Bodri (33 Joer) hält op an de Marc Wirth (33) wiesselt op Éilereng. Am Duebel-Interview blécken déi 2 Routinieren op hir Zäit zu Weiler zréck a schwätzen iwwer d'Zukunft.

Dir sidd allen 2 um Knéi verletzt an hutt d'Bänner iwwerdehnt, wéi gesäit et fir e Sonndeg aus?

Ronny Bodri: Bei mir geet et guer net. Ech sinn out, dat ass domm gaangen.

Marc Wirth: Ech ka leider och net spillen.

Pech, dass der iech grad am leschten Heemmatch fir Weiler eng Blessur zougezunn hutt ...

R. B.: Ech mengen, et wier méi schlëmm gewiecht, wa mer leschte Sonndeg verluer hätten an de leschte Match net méi hätte kënnen hëllefen, de Maintien ze sécheren. Elo si mer bal iwwer de Bierg, an dat ass dat Wichtegst.

M. W.: Dat géif ech och mengen. Mam leschte Match hu mer eis de Maintien praktesch geséchert. Ech gleewen net, dass do nach kann vill geschéien. Et wier deemno méi blöd, wa mir de leschte Match net hätte kënne spillen an et wier nach em d'Wurscht gaangen.

Ronny, du häls ganz op a Marc, du gees eng Divisioun méi déif. Wouhi gees de hin?

M. W.: Ech ginn op Éilereng. Dat ass no bei der Dier an aus familiäre Grënn wollt ech e bësschen méi lues maachen. Manner Training an awer nach Sport maachen. Ech sinn nämlech net grad de grousse Leefer (laacht zesummen mam Ronny).

Firwat häls du dann op, Ronny?

R. B.: Aus familiäre Grënn an ech hunn och 16, 17 Joer 1. Ekipp gespillt an do gëtt et méindes ëmmer méi sauer fir opzestoen. An ech hunn och nach en aneren Hobby, d'Lafen, an do wäert ech mech elo drop konzentréieren, op verschidden Coursen an Europa reesen, an heiansdo eng Presence an der Härenekipp maachen.

Dir hutt eng Saison mat villen Héichten an Déiften erlieft. Géint den ongeschloenen Leader Millebaach hutt der gewonnen, géint Ekippen, déi géint den Ofstig gekämpft hunn, wéi Réimech-Bous a Red Black/Egalité, krut der kee Punkt. U wat louch dat?

R. B.: Un der Astellung géif ech soen. Et ass een ëmmer méi motivéiert géint besser klasséiert Ekippen, géint déi een eppes beweisen wëll. Mir 2 si scho laang genuch dobäi an och erfueren, fir och kënnen géint déi méi kleng Ekippen de Schalter ëmzeleeën. Mee mir hunn mat der Ekipp e Reifeprozess duerchgemaach, deen nach net ganz ofgeschloss war. Géint méi staark Ekippen ass et méi einfach ze spillen, well déi aner sech och oft zu 10 hannendran stellen.

M. W.: Du bass als Underdog einfach méi fräi am Kapp. An och d'Reussite huet eis an der éischter Halschent vum Championnat gefeelt. Mir hunn Bäll widder de Potto geschoss, déi erëm erausgesprongen sinn an an der Réckronn sinn se eragaangen. Dat bréngt dann och e bëssen de Motor un d'Lafen. Den Drock géint manner gutt klasséiert Ekippen ass einfach méi grouss. Géint den Tabellenéischten rechent einfach keen domat, dass de kanns punkten.

Nieft iech 2 kann et sinn, dass nach Spiller de Veräin verloossen. Wou muss de Veräin den Hiewel usetzen, dass nächst Saison nach eng kompetitiv Ekipp um Terrain steet?

R. B.: Dat ass eng gutt Fro. Ech wollt lescht Saison schonn ophalen. Dës Saison huet schonn en Ëmbroch stattfonnt, mee leider konnten net ëmmer all d'Spiller wéi gewënscht um Training sinn. Wichteg ass, dass e Leader an der Mëtt wäert kommen. Du brauchs een am Gol, een an der Achs hannen, een an der Mëtt an een vir, déi mat dirigéieren. De Wëllen an d'Talent sinn do bei ville Spiller. Et muss een elo nach vun Ufank d'Reussite hunn, well wann een déi net huet, zweiwelt een u sech, an dann ass een net fräi am Kapp. Dann kënnt een gär an eng Negativspiral, stellt sech Froen, a kënnt net sou einfach do eraus.

M. W.: Ech géif och soen, dass musse Leader fonnt ginn. D'Jugend huet déi richteg Been a muss nach gutt nolauschteren a léieren, dann gesinn ech do keen Problem. Wann se do weidermécht, wou se elo opgehalen huet, dierft dat keen Problem ginn.

R. B.: Et waren awer 26 Matcher, an deenen si vill Erfarung op engem gudde Niveau konnte sammelen. Wann een kuckt, dann muss ee soen, dass vun den éischten 10 Ekippen bei eis am Bezierk der ganz vill gudde Fussball gespillt hunn. Wann déi Jonk sech elo weiderentwéckelen, brauch een och net 100 nei Spiller, mee déi Jonk mussen dann méi Responsabilitéit iwwerhuelen.

M. W.: Dat géif ech och mengen. Déi Jonk mussen och léieren, mol eegen Entscheedungen ze huelen.

Am Verglach zu aneren Ekippen huet iech e Stiermer gefeelt, deen richteg vill Goler geschoss huet ...

R. B.: Mir waren als Ekipp staark an net ofhängeg vun verschiddene Spiller. Wann een Ekippen wéi Bieles, Schëffleng oder Wuermer huet a bei deenen 1 Spiller eraushëlt, dann hunn déi absolut keng Déift am Spill. An op deem Punkt ware mir net, mir hunn eis alles missten erkämpften an haten net 1 Spiller, deen alles entscheet huet. E richtegen Goalgetter hate mir net.

M. W.: D'Goler sinn jo bei eis och e bëssi verdeelt gewiescht. Mir hunn als Ekipp geschafft an waren dofir net ofhängeg vun engem Stiermer an dofir och besser wéi verschidden Konkurrenten. Och an deenen Matcher, an deenen wichteg Spiller net dobäi waren, wéi ech géint d'Millebaach, oder zu Suessem, konnte mer mathalen a gewannen. Wann een ausgefall ass, huet deem säin Ersatz sech och den A... opgerappt. Mir waren eng ausgeglachen Ekipp.

Wat war fir iech dann deen schéinste Moment hei zu Weiler?

M. W.: Mir hunn ee Rekord hei gebrach. Mir hunn déi meeschten Punkten fir Weiler an der 1. Divisioun geholl, d'Halleffinall vun der Coupe FLF déi lescht Saison war och ganz flott. Leider ware mer do net esou gutt.

R. B.: Mir hunn deen Match duerch 1 Aktioun verluer, soss wiere mer elo nach am Gaang mat spillen, well et hätt keen e Gol geschoss.

M. W.: Mir waren allgemeng an de Réckronnen méi staark.

R. B.: Ech war jo schonn 2012 emol hei. Do hate mer d'Aachtelsfinall vun der Coupe de Luxembourg erreecht. Do hu mer leider Gottes géint Biissen verluer (2:3). Ech hat och e Gol geschoss an en Eelefmeter erausgeholl, deen hunn ech awer net dierfe schéissen. (allen 2 laachen se) Am grousse Ganzen huet Weiler net vill misste gewannen, fir dass eng gutt Stëmmung do war an dat war immens flott. Wann een kuckt, wat mer géint d'Millebaach geleescht hunn, muss een soen, dass dat och honoréiert ginn ass. Mir waren awer dunn och capabel, fir dann de komplette Géigendeel géint Bieles ze weisen.

M. W.: Dat ass Fussball!

Dir hat deen een oder aneren Trainer zu Weiler. Mat wiem hutt dir dann besonnesch gutt zesummegeschafft?

R. B.: Déi éischte Kéier, wéi ech heihi komm sinn, war den Arno (Bonvini) hei. Leider hat ech net d'Méiglechkeet fir laang genuch mat em ze schaffen, fir en ze bewäerten, mee et huet een deemools scho gemierkt, dass hien eng drop hätt, fir méi héich ze coachen. Hien huet och dunn am richtegen Moment eng gutt Ekipp fir sech fonnt. Dono huet keen Trainer mech gepräägt, well ech an engem Alter war, an deem ech Rappellen krut, awer elo net méi nei Saachen bäigeléiert hunn.

M. W.: Dat géif ech och esou gesinn. Mir sinn vun engem aneren Niveau komm, op deem s de deng Basis krus. Mir sinn och Spiller, déi charakterlech méi staark waren. Mir hunn dat meeschtens och selwer an d'Hand geholl. (laacht) Mir hu vill probéiert matzeleeden a sinn hei zu Weiler och ëm Rotschléi gefrot ginn a konnten eis mat abréngen.

R. B.: Hei zu Weiler hunn se och e bëssen dovun profitéiert, dass mir erfueren waren an déi Jonk bei der Hand geholl hunn. Dat ass villäicht heiansdo net richteg erkannt ginn, mee jiddereen kann eis gleewen, dass mer do vill Efforten gemaach hunn.

Kéint dir iech virstellen eng Kéier an enger anerer Roll an de Veräin zréckzekommen? Ronny, du villäicht an der Härenekipp?

R. B.: Ech kommen vun Diddeleng, do si Leit, déi wollten schonn virun 20 Joer mat mer spillen, elo hätten si gär, dass ech emol mat der Härenekipp matspillen. Zu Rëmeleng an hei zu Weiler ass et d'nämmlecht. Elo brauch ech emol e bëssi Ofstand an dono muss een dann mol kucken.

M. W.: Ech hu jo elo mol en neien Challenge. Dat ass déi nächst Etapp. An wien weess wat dono kënnt, villäicht gesäit een sech emol hei erëm.

Wat ass dann d'Zil mat Éilereng?

M. W.: Eng gemittlech Saison mat engem fréien Maintien, net wéi dës Saison.

De 25. Mee ass déi zweet Editioun vum Beervölkerpongball-Turnéier zu Weiler. Wat ass dat a wéi sidd dir op déi Idee komm?

R. B.: De Marc, de Ben (Wagener), den Tom (Gieres) an ech waren eis eens, dass mer als Ekipp missten eppes maachen, fir d'Leit ze versammelen. Den Tom wollt dunn ëmmer Völkerball spillen, en aneren wollt dunn awer Beerpong an sou weider. A bis op eng Kéier ware mer beim Beervölkerpongball. Den Ënnerscheed zum Völkerball ass, dass een, wann een getraff ginn ass, erausgeet an dann do Beerpong spillt a wann een do trëfft, dierf een erëm mat Völkerball spillen. Et muss een keen ganzen Becher drénken, mee 10 cl. Et geet drëm Spaass ze hunn. Mir haten d'lescht Joer permanent 120 Leit um Terrain.

M. W.: Mir haten d'lescht Joer Chance mam Wieder. Moies huet et gereent a mëttes war et gutt. Hoffentlech ass et dëst Joer och esou.

R. B.: D'lescht Joer hu mer eis Warm-upen kaf an dëst Joer wäerte mer och en Don un d'Associatioun ELA maachen. De President vun ELA ass mäi Schwoer a säi Bouf ass vun der Krankheet betraff. Mi wëllen deemno dëst Joer och en Deel vum Gewënn fir e gudden Zweck spenden.

Gëtt et deen Beervölkerpongball dann och nach, wann dir net méi zu Weiler aktiv sidd?

R. B.: Wann hei déi nei Infrastruktur do ass, kënne mir eis alles virstellen, mir brauchen just Leit, déi hëllefen. D'lescht Joer huet de Comité mega matgehollef an dëst Joer mussen och méi Spiller hëllefen. Mir maachen keen Patent op d'Idee, mee de Responsabel vun der Spillerkeess vun der éischter Ekipp muss dann un eis eruntrieden.

Villmools Merci, dass der iech Zait geholl hutt a bonne Chance fir d'Zukunft!