Eis Bambinis sinn zu Izeg um Turnéier déi 9. vun 16 Ekippe ginn. An der Gruppephas huet d’Ekipp vum Trainer Carlo Dorotea géint Mäertert/Waasserbëlleg (0:3), Izeg (0:0) an d’Entente Syrdall (1:2) gespillt an déi 3. Plaz am Grupp beluecht.

Dunn huet Weiler mat 3:0 forfait géint Kielen gewonnen, ier et eng 2:0-Victoire géint Hüttersdorf ginn ass. Am Match em déi 9. Plaz hu sech d’Yellow Boys mat 4:0 géint Izeg duerchgesat.