Eis Bambinis II waren um Samschdegmoien zu Mutfert am Asaz. Géint d'Lokalekipp hunn d'Yellow Boys mat 0:4 verluer. "D'Jungs hunn hiert Bescht gemaach. Do war net méi dra fir eis", sou den Trainer Carlo Dorotea. Géint Biwer ass den eenzege Gol direkt nom Ustouss gefall. "Mir waren déi méi staark Ekipp, mee et sollt beim Resultat bleiwen." An och am drëtte Match sollt et keng Victoire fir Weiler ginn. "Géint eng ganz staark Ekipp vu Jonglënster hunn d'Jungs bis zum Schluss alles ginn. Um Enn hu mer 0:1 verluer, trotzdeem kann ech ganz zefridden domat sinn", sou den "Doro" weider.