De Kader vun eiser éischter Ekipp fir déi nächst Saison hëlt weider Formen un. De Noah Bach (Jeunesse Esch), dee schonn dës Saison bei eis gespillt huet, huet en definitiven Transfert ënnerschriwwen, wärend den Emanuel Vieira (US Esch) nees ausgeléint gëtt.

Vu Monnerech kënnt mam Michel Muller e weidere Golkipp. De Michel huet 19 Joer an huet viru Monnerech fir d'Jeunesse an de Racing gespillt. Als Verteideger kënnt de Paul Gomez (20 Joer) vun Duelem op Weiler. Ausgeléint gëtt nach de Michel Martins vu Mënsbech. De Michel huet 21 Joer an war viru Mënsbech bei RM Hamm Benfica an Uespelt lizenzéiert.

De Christophe Cum mécht en definitiven Transfert vum FC Schengen op Weiler a wäert déi nächst Saison bei eise Seniors II/U23 am Gol stoen.