D'Yellow Boys hunn am Hibléck op déi nächst Saison e weidere Stiermer an den Dieltchen gelackelt. Vu Monnerech kënnt de Gilles Even (32 Joer) bei eis. De Gilles huet als Bouf bei der Escher Jeunesse ugefangen mat Fussball spillen, ier en vun 2007 bis 2013 de Monnerecher Trikot un hat. No enger Saison bei Swift Hesper ass en nees op Monnerech zréckgaangen, bevir en och eng Saison zu Bartreng war. Dës Saison huet de Gilles dunn nees fir Monnerech gespillt.

Hien ass nom Cliff Bernard an Thomas Battaglia dat drëtt neit Gesiicht am Kader vum neien Trainer Jhemp Almeida.