E Sonndeg huet hien nach mat Hueschtert an der Coupefinall gespillt, nächst Saison dréit hien den Trikot vun de Yellow Boys: den Thomas Battaglia. De 25-järege Mëttelfeldspiller, deen 1,85 m grouss ass, ass an der Jugend beim FC Metz ausgebilt ginn, ier en de Wee op Lëtzebuerg gefouert huet. Vun 2011 bis 2014 war hien fir den CS Gréiwemaacher aktiv, bevir en 2014 op Hueschtert gewiesselt ass.

Ausserdeem huet och de Levy Rougeaux den definitive Wiessel vun Hueschtert op Weiler vollzunn. De Levy war schonn dës Saison e wichtegen Deel vun eiser Ekipp a mir si frou, dass hien eis erhale bleift.

D'Foto ass vum Ben Majerus.