Eis éischt Ekipp kritt Verstäerkung am defensive Beräich. Vu Käl-Téiteng kënnt de Cliff Bernard an den Dieltchen. De Cliff ass 20 Joër jonk. Hien huet bei Käl-Téiteng ugefaangen mat Fussball spillen, war dunn 1 1/2 Saison bei der Escher Jeunesse, ier en 2 1/2 Joer de Munnerëfer Trikot ugedoen huet. Säit Juli 2012 huet de Cliff nees fir Käl-Téiteng gespillt. Hien huet en definitiven Transfert ënnerschriwwen.