Um Sonndeg spillt eis éischt Ekipp an der Dunant-Strooss zu Beggen, an der den FC Avenir 6 Mol de Championstittel a 7 Mol de Coupegewënn gefeiert huet. Vun deenen erfollegräichen Zäiten sinn d'Wiichtelcher awer am Moment enorm wäit ewech. Wann déi Beggener hir 2 nächst Matcher net gewannen - a Bieles och nëmmen 1 Punkt aus 2 Matcher kritt oder Biwer gewënnt - da spillen déi Giel-Schwaarz nächst Saison an der 2. Divisioun.

Alles deit deemno dorop hin, dass zu Beggen bei deem engen oder aneren d'Tréinen an de nächsten Deeg wäerte fléissen. Fir d'Yellow Boys geet et zwar em näischt méi, mee Kaddoen ginn an de leschten 2 Matcher vun der Saison keng verdeelt. De Veräinsrekord vu 46 Punkten an der 1. Divisioun soll weider ausgebaut ginn an och eng kleng Chance op déi 3. Plaz, déi de Veräin nach ni an der 1. Divisioun erreecht huet, ass nach do. Monnerech läit nämlech momentan 3 Punkten virdrun, ass allerdéngs och em 36 Goler besser.

Kommt e Sonndeg (16 Auer) all op Beggen an ënnerstëtzt eis éischt Ekipp!