Bei de Bambinis hu sech d'Yellow Boys um Challenge Jos Theis zu Luerenzweiler déi éischte Plaz geséchert. Géint Kielen hunn d'Yellow Kids forfait gewonnen, géint Käerjéng an Housen gouf et all Kéier eng 1:0-Victoire, ier de Match géint Miersch mat 0:0 ausgaangen ass. An der Finall huet d'Ekipp vum Trainer Idelson Pires Miedernach keng Chance gelooss (4:0).