- Eng staark deziméiert Pupilles I huet um Dënschdeg mat 8:5 zu Menster gewonnen. An der Paus stoung et 5:3 fir Menster. Merci dem Frank Bourgnon, dass de Match vun e Samschdeg verluecht gi war. "An der Paus hunn ech d'Jonge missen drun erenneren, dass se och misste lafen. Déi zweet Halschent war vill besser wéi déi éischt", huet den Trainer Mike Hoffmann gemengt.

- Fir d'Minimes I ass et manner gutt gelaf. Si hunn zu Beetebuerg mat 1:8 verluer. An der Paus louchen d'Yellow Boys mat 0:4 zréck. "Et war e staarke Géigner a bei eis ass alles schiefgaangen haut", sou den Trainer Luis Pereira.