- Eis Minimes II hunn auswäerts mat 3:4 beim FC Tricolore II verluer. No kuerzer Zäit war Weiler a Féierung gaangen, ier den 1:1 gefall ass. Eng grouss Geleeënheet fir den 2:1 hat Gaasperech, dat awer en Eelefmeter net erakrut. Duerch schéin individuell Aktiounen koumen d'Yellow Boys dunn mat 3:1 vir. Gaasperech huet awer weider Gas ginn, soudass et mat 3:3 an d'Paus gaangen ass. "Et war e Match, op engem Niveau, op deem de klengste Feeler direkt bestroft ginn ass. Sou sollt et dann och geschéien. Bei engem Corner war eis Défense net op Zack an sou ass de 4:3 gefall", sou den Trainer Pascal Schoen.

- Eis Scolaires hunn hiren Heemmatch géint d'US Esch mat 4:2 gewonnen. An der Paus louch Weiler mat 1:0 vir, ier d'Féierung op 2:0 konnt ausgebaut ginn. D'US Esch koum awer nach emol zréck a konnt bei 2:2 ausgläichen. Duerno huet Weiler de Sak awer zougemaach. De Ball gouf gestëft vum André Klein.