Eent virewech: Sou gutt wéi d’Wieder war de Fussball am Dieltchen net. Um Enn hu sech d'Yellow Boys deene Bartrenger missen mat 2:3 geschloe ginn.

Ouni de kranke Johan Bellini, den Tiago Alves (Vakanz) an den un den Adduktoren verletzten Levy Rougeaux sinn d’Yellow Boys no enger Véierelsstonn mat 0:1 a Réckstand geroden. Bartreng hat bis dohin méi vum Match. An och dono hat Bartreng méi vum Spill, virun allem am Mëttelfeld. Grousschancen sinn awer op béide Säiten ausbliwwen. An der 31. Minutt huet den FC Sporting et aus der Distanz probéiert - ouni Erfolleg.

Freed bei der Lokalekipp dunn no 41 Minutten. No engem Corner vum Kevin Hoffmann stoung de Sami Fontes goldrichteg, fir den 1:1 ze käppen. Mat dësem Spillstand sollten dunn och d’Säite gewiesselt.

No der Paus hat Weiler dunn de besseren Départ. No enger super Pass vum Mirza Ramcilovic huet de Yann Olafsson d’Ekipp vum Trainer Claude Mangen a Féierung geschoss (49. Minutt). Dës hätt missen an der 57. Minutt ausgebaut ginn. Mee direkt e puer Mol hat e Bartrenger e Fouss dotëschent. Direkt am Géigenzuch du Chance fir Weiler, dass Bartreng de Konter net besser ausgespillt huet. An der 73. Minutt sollt et dunn awer souwäit sinn -> 2:2.

No 79. Minutten hätt d'Lokalekipp dunn erëm kënnen a Réckstand geroden: Et war nees no engem Konter, wéi Bartreng fir Gefor gesuergt huet, awer just d’Lat getraff huet. E Wahnsinnsgol sollt de Match dunn an der 84. Minutt entscheeden. Aus ronn 40 m huet e Bartrenger sech en Häerz geholl, de Wee an de Gol fonnt a senger Ekipp déi dräi Punkte geséchert.

Opstellung: Cum, Loes, Reuter, Meylender (27.’ Ramcilovic), Lima, Regazzi, Mangen, Fontes, Ainahi, Olafsson (88.’ Rohen), Hoffmann